StartseiteAktuellesKantonalverbandKantonaljugendWehrenGemeindenFotos 2007Fotos 2006Archiv (Texte)Links |
Gemeinde Eis Gemeng (Béiwen/Atert) Un der Atert, no beim Waasser läit d’Uertschaft Béiwen. Si ass Sëtz vun der Gemeng Béiwen/Atert, eng Gemeng déi am Joër 2004 ronn 1800 Leit zeelt an aus de Kadastersektioune Béiwen (mat Bill, Gréwen-knapp a Féinstertdall), Bruch (mam Openthalt) a Bëschdrëf bestät. Vu Bruch aus zitt d’“Ääschbech“, eng kleng Bächelchen, op enger Längt vu 5 km duerch en herrleche Wisendall iwwer Bëschdrëf op Béiwen wou se dann an di grouss Schwëster „Atert“ ausschëtt. D’Gemeng läit praktësch am Zentrum vum Ländchen op enger Héicht vun ongeféier 230 – 390 Meter iwwert dem Meeresspigel a gehéiert zum Distrikt Lëtzebuerg, Kanton Meersch an zum Wahl-bezierk Zentrum.
D’Gemeng gëtt gefouert duerch de Schefferot an de Gemengerot, deen aus 9 Membere bestät. D’Gemengenadministratioun
as mat engem Sekretär, engem Recever an enger Employée besat;
am techneschen Dingscht vun der Gemeng schaffe 6 Leit.
Eisen „Helperknapp“
mat séngen 388 M. ass eng vun den héchste Koppen am Guttland.
Giffen d’Bäm nit deen herrleche Rido ronderëm d’Kapell
um Helperknapp zéien, hätt än hei eng Siicht wäit
aus an d’Eislek. Haut erënnert eng am Joër 1900 nei gebaute Kapell un d’Parkierch vun Helpert. All Joër op Päischtméindeg pilgeren di 3 Paren op den Helperknapp, wou den Hl. Willibrord passéiert soll sinn. Am Willibrordus-bur entdecken d’Pilger eng stengen Tafel op deer Reeds gät vun enger „Heilquelle“, aus deer de Karl de Groussen gedronk soll hunn an du vun enger Krankhät gehäält gi sinn.
Hei um Helperknapp ass a fréieren Zäiten ä vun de gréisste Määrt aus dem Land afgehale ginn, den „Helpermaart“. Wéi vill aner Määrt, huet dësen no an no un Attraktioun verluer an ass Ufanks dem 20. Joerhonnert aus eiser Gemeng verschwonn. Virun en ettlech Joeren sinn d’Rechter fir dëse Maart afzehalen erëm an d’Gemeng zréck kom, sou datt all Joer op Päischdag d’Erënnerung un dëse bedeitende Maart erëm erwecht gëtt an dat an der Uertschaft Bëschdrëf a Form vun engem flotte Stroossemaart. Spuren aus fréierer Zäit fënnt den Intresséierten am Bësch tëschend dem Féinstertdall an dem Bill, wou viru Joeren e gallo-réimeschen Tumulus entdeckt ginn ass.
War d’Gemeng Béiwen/Atert bis virum Krich nach eng Gemeng, wou de Baurestand dominéiert huet, sou ass si lues a lues zu enger Gemeng ginn, wou verschidde Beruffsgruppe sech niddergelooss hun. Offiziell sinn haut nach 25 Baurebetriber erfaasst, määscht zeele mer an der aktiver Populatioun Beamten an Aarbéchter neewt e puer mëttlere Geschäftsbetriber. Op schouleschem Gebitt duerfe mer op eng gutt organiséierte Schoulinfrastruktur stolz sinn. Neewt dem Préscolaire- an dem Primärunterricht ass am Joer 2003 och d’Education Précoce hei an der Gemeng agefouert ginn., Um sozio-kulturellem Plang fannen d’Awunner dat wat se sichen, fir hir Fräizäitgestaltung. Musek-, Gesank- a Sportsveräiner neewent Jugendklib offréieren de Leit e grousst Aktivitéitsfeld.
De „Service d’Incendie“ vun eiser Gemeng, dee viru Joeren duerch d’Fusioun vun deenen 3 Pompjees-korpsen entstan ass, funktionéiert op eng virbildlech Aart a Weis. Eis 3 Pare kommen dëst Joer an de grousse Parverband „Helpert“. Dem neie Paschtouer säi Sëtz ass am restauréierte Paschtoueschhaus zu Bruch virgesinn. Doduerch, datt d’Gemenge-populatioun stänneg zouhëllt, iwwert 100% an deene leschten 30 Joer, muss eis Gemeng Wäert drop léën, datt d’Qualitéit vun sénger interner Infrastruktur deer Evolutioun och an Zukunft gerecht gëtt!
|