StartseiteAktuellesKantonalverbandKantonaljugendWehrenGemeindenFotos 2007Fotos 2006Archiv (Texte)Links |
D’Pompjeeë
vu
Colmer-Bierg Am Joer 1824 ass fir d’éischt hei zu Colmer e Corps gegrënnt gin, deen sech awer Enn vum 19. Joerhonnert neess opgeléist huet. Dunn gouf am Joer 1930, ënnert der Initiativ vum Arendt Jean-Pierre vum Lellerhaff an dem Reuter Michel, deen aktuellen Pompjeescorps an d’Liewe geruff. No villen héischten awer och mol déiften woust dëse Corps sech awer ëmmer ërem weider ze entwëckelen an ass nët op der Plaaz stoë bliwen. Bis 1992 hun d’Pompjeeskorps’en am ganze Land als normal Veräiner hir Dingschter der Allgemengheet ugebueden. Seit dem 07. Mee 1992 besteet awer ee groussherzoglecht Réglement wat aus de Pompjeeskorps’en ee Service d’Incendie, also ee Gemengeservice mecht, mat un der Spëtzt dem Buergermeeschter. De Chef de Corps gëtt seit deems vum Gemengerot ernannt an de Corps suecht fräiwëlleg an onendgeldlech, am Optrag vun der Gemeng, fir d’Secherheet vun hiere Matbierger. Haut kënne mir eis op eng jonk an dynamesch Equipp verloossen, déi zur Zäit 35 aktiv Pompjeeën an hire Reihen zielt, déi sech fräiwëlleg an onendgeldlech an den Dingscht vun hire Matbierger stellen. Donierwt hu mer och nach 16 Jugendpompjeeën an 2 Pensionären. War ët zur Grënnungszäit nach haaptsächlech d’Brandbekämpfung die am Virdergronn vun der Pompjeesaarbecht stung, sou sin ët haut éischter tëchnesch Asätz déi d’Pompjeesaktivitéiten dominéieren. Am Joer 2003 hate mir niewent 4 Brandasätz nach 45 technesch Asätz wéi Verkéieraccidenter, Uelegaccidenter, Diiren opmaachen, Härespelen wegmaachen, Sëcherungsdingschter fir der Brandgefor virzebeugen, asw... Fir dësen Erfuerdernissen no de Regelen vun der Konscht gerescht ze ginn, treffe mir eis all 2. Méindeg fir eis am Kader vun Übungen ëmmer wéider zebilden an déi verschidden Techniken an Aarbechtsmethoden unzeegenen resp. ze verdéiwen. Selbstverständlech vergiissen
mir nët déi gesellschaftlech Säit vun engem Pompjeeskorps
an hun d’Joer iwer, nierwt eisen Aufgaben am Kader vum Service d’Incendie,
och eng hellewull aner Aktivitéiten, wéi z. Bsp. Buergbrennen,
Fierkelsiessen an Haxenowend. Desweideren bedeelege mer eis un alle weltlechen
an religiéisen Manifestatiounen am Duerf. No joerelaangem Plangen a Bauen konnt de 26. März 2004 endlech den néie Pompjeesbau ageweiht gin. Matt dësem Gebéi, wat enneranerem 4 Stellplaazen, een Otemschutzatelier, ee Lager, ee groussen Instruktionssall, ee Jugendraum an verschidden Büroen enthällt, ass eise Corps beschtens fir d’Zukunft préparéiert. Aktuell Zesummestellung vum
Comité:
Kontaktadresse: BERENS Patrick Wehrleiter 13, rue Prince Henri L-7727 Colmar-Berg Tel.: 85 91 26 GSM: 661 319 067 E-Mail: berenspatrick@hotmail.com
|